BORDERTOWN - mam BEN

gitaroriéntéierten alternativen Country- an Rootsrock
ofwiesselnd: freides owes vun 21.00 bis 24.00 h.

Eng kleng Virgeschicht …

Wou ech am Oktober ´98, an am Oktober ´99, am Kader vum Live at Vauban Gruppen ewéi Jack Logan & Bob Kimbell, Hazeldine, Rich Hopkins & Luminarios, souwéi The Walkabouts am Atelier virun engem Grapp voll Leit live erliéwt hun, huet et mir schons immens Leed gedoën, dat hei zu Lëtzebuerg net genug um Medienplang fir Formatiounen mat deem Musékstil gemeet gëtt.

An onsen Nopeschlänner Frankräich, der Belscht an hauptsächlech Däitschland huet dës Musék an der Tëschentzäit en gréisseren Püblik erreecht, an et ass endlech Zäit gin, dat hei am Ländchen eng Emissioun sech exklusiv mat dësem Genre befaasst!

Wéi definéiert een d´Musék déi dës Emissioun karakteriséiert? Gitarrorientéierten ´alternative Roots- a Countryrock´

Déi spezialiséiert Press schwätzt och vun: ´Americana´ - ´Desert Rock´ - ´Twang´ - ´No depression´ - ´Insurgent Country´ - ´Outlaw´ - ´Lo-Fi country´ mee och: ´Rockabilly´ - ´Newgrass´ - ´Rig Rock´ - ´Progressive Bluegrass´ - ´Honky Tonk´

Wat proposéiert dës Emissioun?

Nei an aal Disken aus dësen Beräicher...+ Informatiounen iwwert Gruppen a Kënschtler(innen), déi dës Stiler spillen....+ D´Virstellen vun e puer méi oder manner bekannten Singer an Songwriter....+ Den Hëwäis iwwert eventuell Concert´en vun dësen Formatiounen an onser Géigend....+ Presentatioun vun engem ´CD vum Mount´, mat 3 Titelen aus dësem topaktuellen Disk....+ Als ´Flashback´ geduecht, een längeren Titel vun der Kultband Grateful Dead....+ Am Résumé: 3 Stonnen cool an laidback Musék, zum gréisten Deel, aus den ´States´.

A firwat dann ´ Bordertown ´?

Well et een vun méngen Lieblingstitelen vun ménger Lieblingsband ´The Walkabouts´ ass!, a well den Term ´border´ e bësschen dat reflektéiert, wat dës Musék fir vill Leit bedeit, nämlech e Genre deen op der Grenz zu villen aneren Richtungen läit: iérgendwéi onbekannt, ondefinéierbar an onkommerziell…..

Fir all Informatioun, Reklamatioun an Suggestioun, sech w.e.g. wenden un:

Ben Boulanger
7, Um Reebou
L-8708 Useldange
Tel. 23630680
Email: monniben@pt.lu

PLAYLISTS & PODCASTS